
Bannent den éischte 6 Méint vum Joer ass den Nettogewënn vu Lego ëm 140 Prozent op 6,3 Milliarde Krounen (847 Milliounen Euro) geklommen. Den Ëmsaz ass op 23 Milliarde Krounen an d’Luucht gaangen, e Plus vu 46 Prozent.
Lego ass ee vu ville gréissere Konzerner, dee wärend der Pandemie vum Online-Shopping profitéiert huet. Ma och an de Stied zitt et d’Leit ëmmer nees an hir Geschäfter. Dowéinst huet Lego vu Januar bis Enn Juni iwwer 60 nei Butteker opgemaach, dovunner méi wéi 40 a China. Weltwäit zielt den dänesche Konzern 737 Butteker.
2020 war iwwerdeems och e gutt Joer fir Lego mat hirem gréisste Joresgewënn iwwerhaapt.
