
Dee leschte Mount war dem europäeschen Observatiounsprogramm Copernicus no dee wäermsten August weltwäit zanter dem Ufank vun de Wiederopzeechnungen. D'Duerchschnëttstemperatur louch deemno am August weltwäit bei 16,96 Grad. Domat gouf den Héchstwäert vu bis ewell vun 2023 nach iwwertraff. Och Westeuropa huet dee wäermste Summer vun allen Zäiten erlieft, wéi den EU-Klimaservice en Donneschdeg matdeelt. Och bei de Mierestemperature waren et déi héchst, déi jeemools gemooss goufen.
D'Zäit vu Juni bis August war gepräägt vun heftege Canicullen an zwar eng no der anerer. Wéinst dem extreeme Summerwieder waren och alt emol Schoulen zou, d'Peegelstänn vu ville Flëss ware plazeweis esou niddereg an och d'Vegetatioun esou dréche wéi nach ni. Dëst huet och fir katastrophal Bëschbränn op ville Plazen an Europa gesuergt.
"D'Mënschen hu wuel zanter op d'mannst 100.000 Joer keng esou héich Temperature méi erlieft", seet d'Copernicus-Expertin Samantha Burgess géintiwwer der Noriichtenagence AFP.
Den UN-Klimabeoptraagte Simon Stiell gesäit am Copernicus-Bericht onbestridde Beweiser: "Dëst ass de Präis fir d'Ofhängegkeet vun der Mënschheet vu fossille Brennstoffer an déi global Klimakris, déi doduerch ugeheizt gëtt."
Wëssenschaftler ginn dovun aus, dass Hëtztwellen eng Suite vum mënschegemaachte Klimawandel sinn an, an hirer Intensitéit an Heefegkeet nach wäerte klammen. Verschäerft gëtt d'Situatioun nach duerch de Klimaphenomeen El Niño.