
Erwaart, gëtt sech ënnert anerem den éischten iPhone, deen een zesummeklappe kann. De Smartphone hätt verschiddene Medien no dann d'Gréisst vun engem Reespass.
Den 51 Joer alen John Ternus hat de Chefposte bei Apple viru ronn enger Woch vum viregte CEO Tim Cook iwwerholl. Hie soll d'Entreprise an d'Zäitalter vun der Kënschtlecher Intelligenz féieren. Den Ingenieur schafft zanter 25 Joer bei Apple a war fir d'lescht de Chef am Beräich vun der Hardware-Entwécklung. Den Tim Cook bleift dem Konzern als Chef vum Conseil d'administration erhalen.
D'Presentatioun ass den Owend um 19 Auer eiser Zäit.