
De schwäizer Gesondheetsministère huet e Mëttwoch eng aktualiséiert Lëscht mat Risikogebitter verëffentlecht, ob där dann och nees Lëtzebuerg steet. D’Lëscht gëllt vum 8. Mäerz un.
Dat bedeit, datt Persounen, déi aus dem Grand-Duché an d’Schwäiz areesen, fir 10 Deeg a Quarantän mussen an och bei den Autoritéite melle mussen. Een negativen Test oder eng Impfung hiewen d’Quarantän net op.
