
Dat gouf en Donneschdeg confirméiert. Kinoen, Fitnesszenteren an d’Gastronomie dobausse ginn erëm op. Dovu profitéiere kënnen awer just Leit, déi en negative Corona-Test kënne virleeën.
Am Verglach zu aneren däitsche Bundeslänner huet d’Saarland eng relativ niddreg 7-Deeg-Inzidenz. Mat Bléck op dësen Taux an déi héich Impfquote ginn dowéinst no Ouschteren eng Partie Mesuren opgehuewen.
Och a puncto Kontaktbeschränkunge gëtt et Ännerungen. Deemno kënne sech no Ouschteren nees 10 Leit aus ënnerschiddleche Stéit treffen.
De Ministerpresident Tobias Hans huet d’Saarland an deem Kontext als Modellregioun bezeechent.
