Angela Merkel warnt virun 3. WellLockdown an Däitschland bis de 7. Mäerz verlängert

RTL Lëtzebuerg
Däitschland verlängert de Lockdown nach eng Kéier ëm dräi Wochen, dat heescht op d'mannst bis de 7. Mäerz.

Dat huet d’Kanzlerin Angela Merkel e Mëttwoch den Owend op enger Videokonferenz annoncéiert, nodeems si sech de ganze Mëtteg mat de 16 Ministerpresidente beroden huet.

Et gëtt eng Ausnam an déi gëllt fir d’Coiffeurssalonen. Si kënnen ënner strengen Oploen den 1. Mäerz erëm opmaachen.

Wat d’Schoulen an d’Crèche betrëfft, konnt ee sech net iwwert eng Léisung fir ganz Däitschland eens ginn. Dat ass eng Decisioun, déi dofir an der Hand vun deenen eenzele Bundeslänner läit.
D’Kanzlerin selwer sot, si hätt sech gewënscht, datt d’Schoulen an d’Crèchen och ronderëm den 1. Mäerz nees opgemaach hätten.

Berlin gëtt de Leit awer eng Perspektiv.

Weider Reouverture ginn et, wann et nach maximal 35 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner iwwer 7 Deeg gekuckt gëtt. D’Angela Merkel ass der Meenung, datt dat en Ziel ass, dat een am Mäerz kann erreechen. Deen Ament kéinten dann ënner anerem d’Geschäfter an d’Muséeën erëm opgoen.

D’Kanzlerin huet awer ënnerstrach, datt no all Schratt, deen a Richtung Deconfinement gemaach gëtt, muss analyséiert ginn, wéi dat sech op d’Infektiounszuelen auswierkt.

Nächst Gespréicher tëscht de Länner an der Regierung si fir den 3. Mäerz geplangt.

Back to Top
CIM LOGO