
De Lockdown gëllt deemno net nëmmen fir Ueweréisträich a Salzburg, sou wéi dat Ufanks geplangt war.
De Lockdown ëmfaasst Ausgangsrestriktiounen fir all Ongeimpfter vum 12. Liewensjoer un, esou de Bundeskanzler Alexander Schallenberg. Betraff sinn ongeféier 2 Millioune Mënschen. D’Zuel vun den Neiinfektioune wier sou héich, wéi nach ni virdrun an Éisträich.
D’Decisioun wier awer net liicht gefall, sot den Alexander Schallenberg virun der Press.
„Während die Inzidenz für geimpfte Menschen glücklicherweise rückläufig ist, steigt sie bei den Ungeimpften weiterhin exponentiell an. Derzeit liegt die Inzidenz bei den Ungeimpften in der Altersgruppe von 18 bis 59-Järigen bei über 1.700. Daher haben wir heute beschlossen, dass ab morgen, Montag 0 Uhr in Österreich ein Lockdown für Ungeimpfte gilt.
De private Wunnberäich däerf just nach an Ausnamefäll verlooss ginn, esou de Schallenberg. Et dierf ee weiderhi bei den Dokter goen oder zum Beispill eraus, wann ee sech wëll impfe loossen. Och de Wee an d’Schoul oder op d’Uni ass weiderhin erlaabt, grad ewéi “d’Befriedigung religiöser Grundbedürfnisse”. Leit déi eréischt hir 1. Impfdosis kritt hunn, kënne sech mat engem PCR-Test “fräitesten”.
Et géing ganz konsequent kontrolléiert an och sanktionéiert ginn, sou den éissträicher Bundeskanzler. Den Inneminister Karl Nehammer huet ergänzt:
„Ab morgen muss jede Bürgerin, jeder Bürger, jeder Mensch der in Österreich lebt sich klar sein, dass er von der Polizei kontrolliert werden kann. Denn wir werden in all unseren Kontrollmaßnahmen, die wir polizeilich durchzuführen haben, auch den 2G-Status kontrollieren, auch den Grund des Betreten des öffentlichen Raumes kontrollieren.“
Dëse Lockdown fir net geimpfte Leit soll verhënneren, dass déi medezinesch Versuergung zesummebrécht. Ma och fir geimpfte Persoune kéinten erëm méi streng Restriktiounen agefouert ginn. Rieds geet vun eng FFP2-Maskeflicht dobannen an eng Obligatioun fir vun Doheem ze schaffen, wann dat méiglech ass.
An engem ëffentleche Bréif haten e Freideg den Owend eng ganz Rei Wëssenschaftler a Wëssenschaftlerinne konsequent Moossname gefuerdert, fir d’Kontakter ze reduzéieren. Ausserdeem missten onbedéngt nach méi Leit geimpft ginn an och geimpfte Leit missten en negative PCR-test hunn, fir kënnen an e Café oder Restaurant eranzegoen. An och an de Schoule misste reegelméisseg PCR-Tester gemaach ginn, esou d’Fuerderung.
D’Mesure fir Leit, déi net geimpft sinn, sinn elo scho streng - op der Aarbecht gëllt schonn zanter ugangs November d'3G-Reegel an an der Fräizäit 2G. Doduerch ass d’Impfbereetschaft och schonn an d’Luucht gaangen - mëttlerweil si 65 Prozent vun de Leit an Éisträich geimpft. Elo wëll d’Regierung engersäits verhënneren, datt déi ganz Populatioun nees an e Lockdown muss an anerersäits evitéieren, datt d’Impfbereedschaft nees erof geet.
Mouvementer géint de Lockdown fir Net-Geimpfter
E Freideg huet et nach an Éisträich geheescht, dass den Lockdown fir Leit, déi net geimpft oder geheelt sinn, e Mëttwoch a Kraaft géing trieden. Ma de Weekend huet Wien zesumme mat den Landespresidenten decidéiert, dass schonns vun e Méindeg u ganz Éisträich an e partielle Lockdown geschéckt gëtt. Net-Geimpfter dierfen deemno just nach Liewensmëttel akafen, bei den Dokter an op d´Aarbecht, dat mat engem aktuellen negativen Test. Niewent enger Petitioun, déi mëttlerweil ronn 90.000 Stëmmen zielt, sinn d’Leit op d’Strooss gaangen an hu géint déi Mesurë protestéiert.
“Schluss mit 2G in Österreich” heescht déi Petitioun, déi vun enger Éisträicherin an d’Liewe geruff gouf, déi selwer am Medezinberäich schafft. Si wëll awer net genannt ginn, well si Konsequenze fäert a vun hirem Patron schonns eng Plainte gemaach krut. Am Interview seet si, dass d’Diskriminéierung souwuel berufflech wéi och privat all Dag present wier. “Sou kann et net weidergoen” a si wéilt net an engem Land liewen, wou aner Meenungen net akzeptéiert ginn.
Och an Däitschland soll d‘Regierung am gaange sinn méi streng Moossnamen auszeschaffen. Dat melle verschidden däitsch Medien. Deemno soll op der Aarbechtsplaz d‘3G-Reegel agefouert ginn a jiddereen, dee kann, soll erëm mussen am Homeoffice schaffen.