Ried vum däitsche BundeskanzlerLoftraum gëtt fir Russe gespaart, 100 Milliarden extra fir Bundeswehr

RTL Lëtzebuerg
A senger ëffentlecher Erklärung huet de Bundeskanzler verschidde Mesuren annoncéiert.

“Op d’Aggressioun vum Putin konnt et keng aner Äntwert ginn” erkläert den Olaf Scholz d’Liwwerung vu Waffen an d’Ukrain. Dëse Gest vu Russland ass eng “Zeitenwende in der Geschichte unseres Kontinents”. D’Aktioune vum russesche President wiere mënscheveruechtend a géife géit d’Volleksrecht verstoussen. Mat näischt kéint een esou eppes rechtfäerdegen.

Donieft stellt de Putin sech dem Olaf Scholz no selwer an d’Abseits vis-à-vis vun der internationaler Communautéit. Just mat der Noutbrems vum Veto am UN-Sécherheetsrot hätt Russland déi eege Verurteelung kënne verhënneren.

Den neie Bundeskanzler ass sech dann och sécher, datt dëse Krich eng Katastroph fir Russland wäert ginn a verweist ënner anerem op d’Sanktiounen. Anere Strofe géif ee sech nach virbehalen an do ginn et keng Limitten. Et dierft ee sech awer och näischt virmaachen, de Putin wäert seng Marschrichtung net esou séier änneren, esou den SPD-Politiker weider. D’Konsequenzen dovunner wäert déi russesch Féierung spieren an en héije Präis dofir bezuelen. De Krich ass eng Katastroph fir d’Ukrain ma wäert och eng fir Russland ginn, esou de Kanzler.

Dann huet den Olaf Scholz och annoncéiert, datt de Loftraum iwwer Däitschland vun e Sonndeg um 15 Auer wäert fir russesch Fligere gespaart ginn, dat emol fir 3 Méint.

Fir op eventuell Menace géint eis Noperen ze reagéieren, huet d’Bundesregierung decidéiert, de Budget fir Bundeswehr ëm 100 Milliarden Euro z’erhéijen, dat eemoleg dëst Joer. Dës solle fir néideg Investitioune genotzt ginn. An et géif een och vun elo un all Joer iwwer zwee Prozent vum PIB an d’Defense investéieren.

Den Ukrain-Konflikt an der Iwwersiicht: Russland an alliéiert Länner a rouden an orangen Téin, Nato-Länner am Bloen. D'Ukrain ass op der Kaart giel, déi vu Russland besate Krim ass giel a rout markéiert.
Den Ukrain-Konflikt an der Iwwersiicht: Russland an alliéiert Länner a rouden an orangen Téin, Nato-Länner am Bloen. D’Ukrain ass op der Kaart giel, déi vu Russland besate Krim ass giel a rout markéiert.
© RTL-Grafik

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO