
Zéngdausende Mënschen hunn hir Reespläng missten ofsoen oder änneren. Eng 1.000 Vollen hu misste gestrach ginn. Déi Konsequenze sinn natierlech och zu Lëtzebuerg ze spieren. Um Findel falen e Mëttwoch 7 Flich aus - 5 vun der Lufthansa op Frankfurt respektiv München an zwee vun der Luxair an déi bayresch Haaptstad. Dat huet de Chef vu Luxairport, den Alexander Flassak an engem Interview mat RTL confirméiert:
“Dat ass éischter den Ausnamefall, datt mer esou vill Fluchausfäll mateneen hunn. Dat heescht, mir erwaarden trotzdeem vill Passagéier um Fluchhafen, déi versichen ëmzebuchen. Anescht soll ee sech mat der Airline a Verbindung setzen, fir Kompensatiounen ausbezuelt ze kréien oder Ersatzleeschtungen. Et ass op alle Fall net den Alldag an et ass scho méi en héije Stressfaktor um Flughafen.”
E Mëttwoch de Moie war d’Situatioun um Findel allerdéngs ganz roueg.
Déi däitsch Gewerkschaft Verdi freet sech iwwerdeems, datt de Streik zu éischte Resultater géif féieren. Um Fluchhafen zu Stuttgart ass ee sech iwwert en neie Kollektivvertrag fir ronn 300 Salariéeën um Buedem eens ginn. Dodran ass virgesinn, datt d’Personal an Etappen 18 Prozent méi an der Pai krut. 8 Prozent vum nächste Mount un an nach emol 10 Prozent vum Januar un. Verdi fuerdert fir déi ronn 20.000 Lufthansa Salariéeën um Buedem eng Hausse vun 9,5 Prozent fir déi nächst 12 Méint.
RTL News: Lufthansa-Streik um Mëttwoch - Flich vun an op München/Frankfurt vu Lëtzebuerg aus betraff
RTL News: Angscht, Verzweiwlung a vill Tréinen - Annulatioun vu Flich zu Frankfurt: Eng Odyssee fir eng Lëtzebuerger Koppel