Annulatioun vu Flich zu Frankfurt: Eng Odyssee fir eng Lëtzebuerger Koppel

U sech sollt si mat hirem Partner e Mëttwoch de Moie vu Frankfurt aus op San Francisco fléien, zielt eis d'Nora Miller.
Et ass eng Vakanz, déi scho laang geplangt ass, well si gouf schonn 2020 wéinst Corona annuléiert. An och dëst Kéier starten déi u sech erhuelsam Woche vill méi komplizéiert.
Ugefaangen huet et mat enger SMS um Dënschdeg de Moien mat der Info, datt de Lufthansa-Fluch e Mëttwoch annuléiert wier, ma d'Gesellschaft engem awer eng Solutioun wéilt ubidden. Well déi Léisung awer op sech waarde gelooss huet, huet ee probéiert, fir un d'Lufthansa ze kommen, wat onméiglech war, seet d'Nora Miller.
D'Léisung vu Lufthansa war den Chat-Assistent, deen engem u sech sollt eng Alternativ uginn, wann een d'Buchungsnummer aginn huet. Ma och dësen automateschen Chat-Assistent war wuel mat de villen Ufroen iwwerfuerdert an ass dauernd hänke bliwwen. Déi Situatioun ass un d'Nerve vun der Lëtzebuergerin gaangen. Net nëmmen wiere si net an d'Vakanz komm, ma och ass d'Angscht ëmgaangen, datt een op de Käschte sëtze bleift fir all déi Saachen, déi een an der Vakanz geplangt a gebucht huet.
Fir selwer en anere Fluch ze buchen war schwéier, well op ville Fluchhäfen an der Ëmgéigend sinn d'Präisser an d'Luucht geschoss an et waren zum Deel nach just d'Business-Klass-Plaze fräi fir ronn 5.000 Euro. De ganze Moien iwwer hu si an hire Partner probéiert, aus der Situatioun schlau ze ginn, et huet een d'Lufthansa, Expedia an och United Airlines, iwwert déi d'Buchung gelaf ass, probéiert ze kontaktéieren, wat net méiglech war. Eng Alternativ krute si du proposéiert, fir vun 13 Auer aus vu Frankfurt iwwer München op San Francisco ze fléien, wat een zäitlech awer net hikritt hätt. Och déi Alternativen dono waren net méiglech.
Esou hunn d'Nora Miller an hire Partner decidéiert, op Frankfurt op de Fluchhafen ze fueren an do hiert d'Gléck ze probéieren. Wou si um Terminal ukomm sinn, war eng riseg Schlaang virum Check-in, mat ville Leit a ville verkraschene Gesiichter. Nach an der Schlaang huet d'Nora Miller probéiert, weider iwwert den Chat-Assistent virunzekommen. An op eng Kéier war eng Buchung do, déi confirméiert konnt ginn. E Mëttwoch de Moie vu Frankfurt op Montreal mat Air Canada an dono weider op San Francisco. A Kanada brauch een awer e Visum, och wann ee just am Transit ass. Mat Hëllef vun der Famill doheem ass dësen da séier zustane komm.
Wéi si an der Rei stoungen, hu si awer och matkritt, datt d'Leit ëmmer méi onroueg goufen. Vill Leit hu sech probéiert virzedrécken oder hunn d'Check-in-Agenten an Agentinnen, déi probéiert hunn, d'Leit ëmzebuchen, aggresséiert an ugejaut, seet d'Nora Miller.
Dësen Dag an dës Onwëssenheet, ob een dann elo an d'Vakanz kënnt, déi schonn eng Kéier wéinst schwéieren Ëmstänn annuléiert gouf, an och d'Angscht, eventuell vill Suen ze verléieren, fir Saachen, déi een am Virfeld gebucht huet an net méi oder just schwéier annuléiere kann, sinn un d'Substanz gaangen. "Ech hu vu Freed gekrasch, wéi mer eis Buchung haten an och agechecked waren," esou d'Nora Miller. "Ënnerwee op de Fluchhafen hunn ech de ganze Wee am Auto gekrasch, well ech mer gesot hunn 'Nee, net eng zweete Kéier'".
Wéi d'Nora Miller eis erzielt, wieren net just Flich fir e Mëttwoch annuléiert ginn, mä eng Fra mat Kanner, déi hannert hir an der Rei stoung, huet hir erzielt, datt hire Fluch schonn um Dënschdeg annuléiert gouf a si bis ewell keng Alternativ ugebuede krut. Enttäuscht ass déi jonk Lëtzebuergerin dann iwwert de Service vu Lufthansa, wou si sech virkomm ass, wéi wa si keng Hëllef kritt hätt. Den Chatrobboter ass dauernd hänke bliwwen, wat de Frust an d'Verzweiwlung just nach eropgedriwwen huet. Elo hoffen d'Nora Miller an hire Partner, datt si muer ouni gréisser Problemer fortfléie kënnen an hir scho ganz laang geplangte Vakanz awer nach genéisse kënnen.