Flich vun an op München/Frankfurt vu Lëtzebuerg aus betraff

Fir e Mëttwoch huet d'Gewerkschaft Verdi d'Buedempersonal vu Lufthansa opgeruff, ze streiken. Dovun ass och Lëtzebuerg betraff.
De Warnstreik fänkt e Mëttwoch de Moien um 3.45 Auer un an dauert bis en Donneschdeg um 6 Auer. Dat bréngt natierlech massiv Fluchausfäll, Retarden an aner Perturbatioune mat sech. Eng Koppel aus Lëtzebuerg huet eis erzielt, wat fir eng Odyssee si wéinst dësem Streik an de leschte Stonnen hannert sech bruecht hunn.
Bal de ganze Fluchprogramm zu Frankfurt an zu München gouf gestrach, knapp 1.000 Vollen. 134.000 Passagéier si betraff. Och all d'Flich, déi vu Lëtzebuerg aus op Frankrfurt oder Münche programméiert waren, hu missen ofgesot ginn. Um Site vun der Luxair si sämtlech Flich an déi Direktiounen annuléiert.
D'Auswierkunge kéinte bis e Freideg ze spiere sinn.
Mir haten um Fluchhafen um Findel nogefrot, ob och d'Flich vun oder op Lëtzebuerg betraff wäerte sinn, kruten op déi Fro awer keng Réckmeldung.
Um Dënschdeg den Owend ass um Site vu LuxAirport ze liesen, dass all d'Flich um Mëttwoch normal geplangt sinn. En éischte Fluch mat der Lufthansa soll um 8.30 Auer a Richtung Frankfurt fléien. Fir 10.05 Auer ass e Fluch op München geplangt. Och bei den Arrivéeë ginn et um Dënschdegowend um Site vu LuxAirport keng Ukënnegungen, dass Lufthansa-Flich net géife landen um Mëttwoch. Zu Frankfurt a München gesi se dat awer anescht!

Screenshot vum LuxAirport-Site en Dënschdegowend um 19.55 Auer.
Gestreikt gëtt wéinst de Kollektivvertragsverhandlunge fir eng 20.000 Leit vum Buedempersonal. Dozou gehéiert Schalterpersonal, Fligertechniker oder d'Chauffere vun de grousse Schlepper, déi d’Fligeren op déi richteg Positiounen zéien.
Genee déi Leit feele jo aktuell, well se an der Corona-Kris entlooss goufen an elo enzwousch anescht schaffen. Aktuell gëtt iwwer méi héich Paie verhandelt. De Streik verschäerft also nach emol den aktuelle Chaos, deen et scho gouf op ville Fluchhäfen. D'Lufthansa warnt virun enorme Schied.
Frankfurt - Lëtzebuerg: 3 Flich annuléiert
Kuckt een allerdéngs um Site vumFrankfurter Fluchhafen, gesäit een do, dass z.B. de Fluch LH 390 e Mëttwoch um 7h15 vu Frankfurt op Lëtzebuerg annuléiert ass. Och den LH 392 kuerz virun 10 Auer a Richtung Lëtzebuerg ass annuléiert, grad ewéi de Fluch LH 396 vu 17.20 Auer.
Just beim Fluch LH 394 vun 13 Auer vu Frankfurt op Lëtzebuerg steet aktuell nach, dass dee wäert assuréiert ginn.

Lëtzebuerg - Frankfurt: 2 Flich annuléiert
www.frankfurt-airport.com mellt, dass d'Flich LH 391, LH 393 an LH 396 vu Lëtzebuerg op Frankfurt annuléiert sinn. Déi sollten e Mëttwoch um 8.30 Auer, respektiv um 11.10 Auer an um 17.20 Auer op Frankfurt fléien. De Fluch LH 394 um 13 Auer ass elo mol nach geplangt.

Lëtzebuerg - München: 4 Flich annuléiert
Um Site vum Münchener Fluchhafen kann een dann och liesen, dass 4 Flich op München annuléiert sinn. Et sinn dat:
Luxair-Fluch LG 9731 um 6.50 Auer,
Lufthansa-Fluch LH 2317 um 10.05 Auer,
Luxair-Fluch LG 9737 um 19.30 Auer
Lufthansa-Fluch LH 2323 um 20.10 Auer.
München - Lëtzebuerg: 4 Flich annuléiert
Och wann ee vu München op Lëtzebuerg wëll fléien, gëtt doraus um Mëttwoch näischt. Och hei sinn déi 4 geplangte Flich annuléiert.
Lufthansa-Fluch LH 2316 um 8.30 Auer,
Luxair-Fluch LG 9732 um 8.45 Auer
Lufthansa-Fluch LH 2322 um 18.35 Auer
Luxair-Fluch LG 9738 um 21.20 Auer

Ob nach aner Flich betraff sinn, frot Dir am beschte bei Ärer Fluchgesellschaft no.