
An de Gemengen, an deenen d’Inzidenz vun 3 Deeg iwwert 50 läit, mussen zousätzlech Mesuren ergraff ginn. An de meeschte Butteker dierft da just nach mat Rendez-vous geshoppt ginn, sou d’SPD-Politikerin e Samschdeg DPA géintiwwer.
Iwwerall géingen déi selwecht Reegele gëllen, huet d’Dreyer ënnerstrach. Bleift den Inzidenzwäert bei ënner 50 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner, dann ännert näischt. Klëmmt den Taux nees iwwer 50, dann triede e puer zousätzlech Reegelen a Kraaft. Bei enger Inzidenz vun iwwer 100 muss d’Noutbrems gezu ginn. Dat heescht, dass Butteker keng Cliente méi dierfen empfänken an een och just nach 1 eenzeg Persoun bei sech Doheem invitéieren dierf. Eng Ausgangsspär an der Nuecht géing an deem Fall och kommen.
Den Ament huet Rheinland-Pfalz eng relativ niddreg Inzidenz par rapport zu anere Bundeslänner, huet d’Ministerpresidentin nach betount.
