DäitschlandMaskenaffär léisst der CDU-CSU-Unioun keng Rou

RTL Lëtzebuerg
De Spiegel huet e Sonndeg e méiglechen Interessekonflikt beim däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn gemellt.
© AFP (Archiv)

Nodeems den héijen CSU-Politiker Alfred Sauter e Sonndeg annoncéiert huet, all seng politesch Ämter néierzeleeën, well hie mat Korruptiounsvirwërf konfrontéiert ass, mellt de Spiegel e méiglechen Interessekonflikt beim däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn.

De Gesondheetsministère hat zejoert nämlech FFP2-Masken bei der Burda GmbH kaaft. Dat geet aus Ënnerlagen ervir, déi de Ministère un de Bundestag geschéckt huet. Den Daniel Funke, mat deem de Minister Spahn bestuet ass, ass nämlech Lobbyist a Chef vun der Burda-Representatioun zu Berlin.

Enger Lëscht no mat den Entreprisen, bei deenen den däitsche Gesondheetsministère Maske bestallt huet, huet Burda 570.000 FFP2-Masken um Jens Spahn säi Ministère geliwwert.

Den Chef vun der CSU Markus Söder wëll wéinst der Maskenaffär elo duerchgräifen. De bayresche Ministerpresident verlaangt vu Politiker vun der Partei ''voll Transparenz’’ bei hirem Niewenakommes. Doriwwer eraus soll et komplett verbuede sinn, engem Engagement nozegoen, bei deem een Interesse vertrëtt an dofir bezuelt ze ginn. An Zukunft missten och all d’Fraen an d’Männer, déi fir d’CSU kandidéiere wëllen, e Pabeier ënnerschreiwen, mat deem si hir Integritéit versécheren.

Back to Top
CIM LOGO