
Am südamerikanesche Land hunn d’Neiinfektiounen e Rekordwäert erreecht an d’Spideeler sinn dowéinst kuerz virum Kollaps. Bis ewell konnten am Paraguay manner wéi 0,1 Prozent vun der Populatioun geimpft ginn.

D’Regierung huet zwar versprach méi Medikamenter an Impfstoff ze besuergen, mä wéinst der Kritik, déi bei de Leit ëmmer méi haart gëtt, huet e Freideg de Gesondheetsminister missen zerécktrieden.