
Deen Ament soll dann nees alles relativ normal op sinn, wéi de Commerce an och d‘Restauranten, dëst awer weider ënnert de gängegen Hygiènes-Mesuren.
Och an Éisträich sollen de 19. Mee, Restauranten a Caféen, wéi och Hoteller nees opmaachen. Viraussetzung fir de Client ass eng Impfung, en negativen Test oder dass een eng Covid-Erkrankung ausgeheelt huet. Et wéilt een op den ominéise grénge Pass setzen.