Brittesch Ambassade an DäitschlandMataarbechter wéinst Spionage fir Russland festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Ee Mataarbechter vun der brittescher Ambassade zu Berlin ass wéinst dem Verdacht op Spionage fir Russland vun den Autoritéite verhaft ginn.
© AFP/Archiv

De brittesche Staatsbierger David S. soll engem russesche Geheimdéngscht fir Geld Dokumenter iwwerginn hunn, wéi d’Autoritéiten e Mëttwoch zu Karlsruhe matgedeelt hunn. D’Verhaftung zu Potsdam en Dënschdeg wier d’Resultat vu gemeinsamen Ermëttlunge vun den däitschen a britteschen Autoritéiten.

Den S. wier bis zu senger Verhaftung als Mataarbechter bei der Ambassade täteg gewiescht. Spéitstens zanter November 2020 soll hie fir de russeschen Noriichtendéngscht geschafft hunn. Hie géif nach um Mëttwoch dem Ermëttlungsriichter vum Bundesgeriichtshaff virgeféiert ginn, deen iwwer d’Untersuchungshaft decidéiert.

Back to Top
CIM LOGO