No Walvictoire vun den US-DemokratenWäert vun Tesla- a SpaceX-Aktie fält e Mëttwoch däitlech

AFP, iwwersat vun RTL
Den Elon Musk hat bal eng hallef Milliard Dollar fir de Walkampf vum republikaneschen US-President Donald Trump gespent, dorënner massiv Zommen am Texas.
© HANNIBAL HANSCHKE/dpa Picture-Alliance via AFP

Nom Erfolleg vun den Demokrate bei den US-Kongresswalen hunn d'Aktie vum Tech-Milliardär Elon Musk sengen zwee Betriber Tesla a SpaceX däitlech Fiedere misse loossen. Bei Tesla ass et, nom Handelsstart zu New York, e Minus vun 3,82 Prozent pro Aktie, SpaceX-Aktien berzeechnen e Minus vun 2,65 Prozent.

Den Elon Musk hat bal eng hallef Milliard Dollar fir de Walkampf vum republikaneschen US-President Donald Trump gespent, dorënner massiv Zommen am Texas. Genee an dësem Bundesstaat, an deem och de Firmesëtz vum Musk senger Entreprise ass, konnten d'US-Demokraten bei de Walen en Dënschdeg eng historesch Victoire fir sech verzeechnen.

Op de Finanzmäert huet den Erfolleg vun den Demokraten e Mëttwoch dann och d'Angscht gefiddert, dass déi gesetzlech Virgabe fir den Ausbau vu Rechenzentren fir Kënschtlech Intelligenz géife verschäerft ginn.

Back to Top
CIM LOGO