
Dat sot d’Kanzlerin e Sonndeg den Owend an der ARD-Sendung “Anne Will”.
Si géif net nokucken, bis een op 100.000 Nei-Infektiounen den Dag wier, sou d’Merkel an huet annoncéiert. dass d’Bundesregierung kéint selwer aktiv ginn, wann eenzel Bundeslänner déi néideg Mesuren net géifen ëmsetzen.
Do wier eng Méiglechkeet, fir d’Infektiounsschutzgesetz nach emol ze änneren an ze verschäerfen.
D‘7-Dages-Inzidenz bei eise Nopere läit den Ament bei 134,4 Infektiounen pro 100.000 Awunner, mat regional awer deels héijen Ënnerscheeder.