BundestagswalenMerkel gratuléiert Scholz zu Walvictoire

RTL Lëtzebuerg
Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel huet dem SPD-Kanzlerkandidat Olaf Scholz fir seng Victoire bei de Parlamentswale leschte Sonneg gratuléiert.
© RTL Grafik

E Méindeg hätt CDU-Politikerin dem Finanzminister Scholz fir säi Succès felicitéiert, heescht et e Mëttwoch vun der däitscher Regierung. Och den CSU-Chef Markus Söder hat dem Scholz en Dënschdeg gratuléiert. Dem Scholz säi Kontrahent bei de Walen, den CDU-Kanzlerkandidat Armin Laschet, huet dunn e Mëttwoch de Mëtteg dem SPD-Politiker gratuléiert.

© RTL Grafik

Back to Top
CIM LOGO