No Warnung vun AnthropicMeta-Chef Zuckerberg sprécht sech géint méi streng Reguléierung am KI-Secteur aus

AFP
De Secteur kéint sech ënnert anerem iwwert de Marché selwer reguléieren, fënnt de CEO vu Meta.
Meta CEO Mark Zuckerberg is pushing back on calls for an AI slowdown
De Meta-CEO huet sech géint eng méi streng Reguléierung ausgeschwat.
© AFP/File

De Mark Zuckerberg, CEO vu Meta, huet sech en Dënschdeg de Moie géint een Ofbremsen am Developpement vu Kënschtlecher Intelligenz ausgeschwat a sot, datt senger Meenung no de Marché an déi rechtlech Verantwortung déi beschten Ofsécherunge géint d'Risike vun der Technologie wieren.

"Mënsche wäerte Systemer net wëlle benotzen, déi net mat hinnen alignéiert sinn an déi net maachen, wat si gefrot ginn, also hu Laboen ee staarken natierlechen Ureiz, hir Modelle méi ze alignéieren", huet den Zuckerberg op X geschriwwen. Mam "Alignement" ass gemengt, datt Systemer fir Kënschtlech Intelligenz bescht méiglech probéieren dat ze maachen, wat Mënschen tatsächlech och vun hinne wëllen.

D'Debatt gouf am Juli lassgetrueden, wou OpenAI, zu deenen och ChatGPT gehéiert, matgedeelt hunn, datt wärend engem Test sougenannte KI-Agenten - KI-Programmer, déi eegestänneg agéiere kënnen - aus hirem Test-Ëmfeld ausgebrach sinn, sech mam Internet verbonnen hunn an eng Websäit infiltréiert hunn.

Fir de Grënner vu Facebook wier elo wichteg, Vertrauen ze etabléieren an zouverlässeg Systemer ze entwéckelen, fir gutt KI-Produkter vu schlechten ze ënnerscheeden. "All Labo, deen net op Alignement setzt, wäert no hanne falen", sot hien.

D'Fro stellt sech, ob ee KI-Firme ka vertrauen, sech selwer ze reguléieren. Rivale wéi OpenAI, Anthropic a Google denken driwwer no, gemeinsam Standarden ze entwéckelen, fir sech selwer ze reguléieren.

Wichteg Perséinlechkeeten am Secteur fuerdere méi lues Entwécklung

Eng vun de Stëmmen, déi fuerderen, méi lues ze maache bei der Entwécklung vu KI-Systemer, ass de CEO vun Anthropic, Dario Amodei. Hien huet viru schlëmme Konsequenze gewarnt, sollt se Secteur onreguléiert weidermaachen, wéi bis elo.

Den Zuckerberg huet dogéint argumentéiert, datt Prozesser a Kloen ëm d' Responsabilitéit d'Laboen automatesch géife responsabiliséieren an huet op d'Decisioun vu Meta verwisen, de Lancement vun hirem "Muse AI"-System e puer Méint no hannen ze verréckelen, fir d'Sécherheet ze verbesseren.

Meta selwer hat et an de leschte Méint scho mat enger Rei Geriichtsprozesser ze dinn, déi net direkt a Verbindung mat KI stoungen. Am August hu si zougestëmmt, Milliarden Dollar auszebezuelen, wéinst Uschëllegungen, datt si Facebook an Instagram esou entwéckelt hätten, datt Kanner dovunner kéinten ofhängeg ginn.

Mat Bezuch op d'Verréckele vun der Publikatioun vu Muse AI sot de Mark Zuckerberg: "Mir hunn net all Mënsch soss opgeruff, dat ze maachen, ier mir et gemaach hunn", esou de Chef vu Meta. "Mir hunn et einfach als Deel vun eisem Dag-zu-Dag gemaach, well et kloer dat richtegt fir d'Leit a fir eis war."

Back to Top
CIM LOGO