D’Swing States am Norde vun den USA, Wisconsin, Michigan a Pennsylvania dierften entscheedend sinn am Ausgang vun de Walen. Viru 4 Joer hat den Joe Biden déi allen 3 just neelech gewonnen. Si riskéieren déi Kéier dofir, un d’Republikaner ze goen. De Petz Bartz ass fir eis mam Kameramann Jean-Baptiste Verwaerde do ënnerwee. Fir d’éischt ass d’Rees awer a Minnesota gaangen, do, wou den Tim Walz (demokrateschen US-Vizekandidat) doheem ass. Deen ass jo zu 12,5 Prozent Lëtzebuerger.
Minnesota huet 10 Walmänner vun deenen 270, déi ee Kandidat um Enn brauch, fir ze gewannen. De Staat wielt zanter 1968 konsequent demokratesch. De Stephen Befort, en Universitéitsproff mat Lëtzebuerger Originnen, geet an historesche Wale vun engem exzeptionelle Resultat aus.
“En exzeptionellt Resultat am Sënn, ob mer eis éischt Fra als President kréien oder ob mer eisen éischte condamnéierte Kriminellen als President kréien. An déi politesch Perspektive vu béide Kandidate sinn esou extreem, dass et ka schaarf an eng Direktioun kippen oder an déi aner.”
D’Entscheedung um Enn a Minnesota fält awer de 5. November net nëmmen an de Stied ënnert der sougenannter Intelligentsia, mee virun allem och iwwer Land. An do huet de Republikaner kloer d’Nues vir. Do trieden doriwwer eraus och Leit un an de Lokalwalen um selwechten Dag mat Virfare vu Lëtzebuerg. D’Duerf Elba, am Südoste vu Minnesota, war scho virun iwwer 160 Joer d’Doheem fir Immigrante vu Lëtzebuerg.
D’Nancy Roberts an den Tom Ross sinn aus der Géigend vum Duerf Rollingstone. D’Géigend war en Nascht vu Lëtzebuerger fréier. Zu 100 ware se, wéi se e Musée ugefaangen hunn. Haut si se just nach zu 10, fir sech drëms ze këmmeren an heiansdo Touristen aus der Heemecht ze empfänken, déi hinnen un d’Häerz gewuess ass, obwuel se d’Sprooch net schwätzen. Elo ass et esouguer zu Rollingstone spannend, ob d’Tendenz am ländleche Raum sech confirméiert oder de Kandidat mat Lëtzebuerger Originnen um Enn d’Course mécht.

Nieft dem Petz Bartz mam Kameramann Jean-Baptiste Verwaerde ass och d’Annick Goerens fir eis an de States ënnerwee. Andréck vun him héiert Dir ënnert anerem op Radio Lëtzebuerg an Dir fannt der och op den RTL-Plattformen an de soziale Medien (Facebook, Instagram, TikTok). Aus Florida mellt sech d’Anne Wolff a reegelméisseg schwätze mir och mat eisen US-Korrespondente Philip Crowther (Tëlee) a George Zens (Radio).
D’US-Walen op RTL: Sidd mat derbäi!