Obama iwwert den Trump"Mir hunn de Film all gesinn a wëssen dass d'Fortsetzung dacks méi schlecht ass"

RTL Lëtzebuerg
Um Parteidag vun den Demokraten hu souwuel de Barack Obama wéi och seng Fra Michelle d'Wuert ergraff.

D’Kamala Harris ass elo offiziell Spëtzekandidatin vun den Demokrate fir d’US-Walen am November. Um Parteidag haten och d’Obamas en Optrëtt. De fréieren US-President huet sech a senger Ried däitlech fir d’Kamala Harris ausgeschwat. Aus sengem eegene Walkampfslogan “Yes, we can” huet een elo “Yes, she can” gemaach. Den Obama ass der Meenung, dass d’Harris prett ass fir den Job. D’Michelle Obama iwwerdeems hält d’Harris fir immens qualifizéiert a sot: “Amerika, d’Hoffnung kënnt zeréck.”

"Yes, she can!"
D’Obamas schwätze sech däitlech fir d’Kamala Harris aus.

Vum Kandidat vun de Republikaner hält den Obama iwwerdeems net vill. Op alle Fall hat hien a senger Ried net vill positiv Wierder fir den Donald Trump iwwreg.

De Barack Obama iwwert den Donald Trump
“Mir hunn de Film all gesinn, a mir wëssen dass d’Fortsetzung meeschtens nach méi schlëmm ass.”

Back to Top
CIM LOGO