Accord d'nächst Woch?Nei däitsch Regierung kéint net viru Chrëschtdag stoen

RTL Lëtzebuerg
No de Walen am September, vill Optimismus a ville Verspriechen ass d'Ampel-Koalitioun tëscht SPD, FDP an de Grünen nach net an dréchenen Dicher.
© afp

Korrespondenz vu Berlin vum Claire Schmartz

Corona ass mat sengen alarmanten Infektiouszuelen an Däitschland erëm an de Virdergrond geréckelt. Mä et ramouert an der Politik. No engem villverspriechende Selfie, laangen Diskussiounen a Geheimniskréimerei, huet et mat Amenter souguer esou geklongen, wéi wann d’Dräierkoalitioun platze kéint. D’Wantermärchen, bis Chrëschtdag eng nei Regierung ze hunn, schéngt sech net esou einfach z’erfëllen. An dat ass och gutt esou, mengt d’Claire Schmartz an enger Korrespondenz vu Berlin. Well et weist, dass d’Parteien am Detail op hir Differenzen aginn.

“Wir streben an, im Laufe der kommenden Woche zu einem Koalitionsvertrag zu kommen”, seet de Michael Kellner, de Bundesgeschäftsführer vun de Gréngen, zu Berlin. Hei treffe sech d‘Politiker a Politikerinne vun der geplangter Ampel-Koalitioun fir eng nei Diskussiounsronn: 22 Aarbechtsgruppen zu ënnerschiddlechen Themeberäicher präsentéieren hir Resultater a Strategien. Et soll déi lescht Etapp vun de Koalitiounsverhandlunge sinn. D’nächst Woch sollen d’Resultater da parteiintern diskutéiert an am beschte Fall och ofgeseent ginn.

Am Ufank hat alles esou optimistesch geklongen: wéi wann déi dräi dach esou ënnerschiddlech Parteien – d’SPD, d’liberal FDP an déi Gréng – ouni gréisser Ëmstänn zesummekomme kéinten. Séier hat d‘FDP hir “rout Linnen” definéiert, iwwert déi se net verhandele géif: keen Tempolimitt op den Autobunnen, keng Steiererhéijungen. Déi jonk Gréng hu protestéiert a mat engem Veto gedreet. Doropshin huet de Chef vun de Gréngen Robert Habeck ugekënnegt, dass d’Koalitioun un de Klimaziler scheitere kéint.

Dass d’Verhandlunge sech zéien, bedeit awer nach laang kee schlechte Start fir déi nei Dräierkoalitioun. Et weist éischter, dass sech d’Parteien iwwer hir Differenzen an hire Ziler an hirem Wee dohi bewosst sinn. An dass si antëscht och iwwer déi rout Linne verhandelen, déi vill ze séier an och eesäiteg imposéiert goufen.

Dass ee sech Zäit léisst, déi ze kalibréieren, amplaz fir e gutt Bauchgefill an e glaten ëffentlechen Optrëtt iwwer Differenzen ewech ze gesinn. Dissens bedeit net direkt Konflikt, mä Bewosstsinn fir d’Erausfuerderungen, déi an der noer Zukunft gemeeschtert musse ginn. “Wir haben die Gespräche mit sehr viel Detailtiefe geführt, das ist auch notwendig, um viele Fragen klar zu machen”, sou de Generalsekretär vun der FDP Volker Wissing.

Grouss Theme sinn d’Biergergeld, awer och och d’Schuldenbremse an notamment d’Corona-Politik an Däitschland. Anerersäits natierlech och d’Klimaziler, déi duerch d’COP26 zu Glasgow net nëmmen national, mä weltwäit diskutéiert ginn. Genee Detailer wäerte mer awer, bei aller Spekulatioun, réischt dann héieren, wann d’Gespréicher ofgeschloss sinn. D’Koalitiounspartner maachen hir Diskretioun iwwer d’Verhandlungen nämlech all Éier.

Eent schéngt awer op all Fall kloer ze sinn: dass dës Ampelkoalitioun klappe wäert. Dass et just nach ëm d’Aushandele vun den Detailer an der genauer Gewiichtung vun den eenzele Parteiziler an -programme geet. Sou seet och de Lars Klingbeil, de Generalsekretär vun der SPD: “Natürlich gibt es auch für die letzten Tage noch Konflikte, über die wir auch reden werden, und das kriegen wir hin, davon bin ich fest überzeugt.” An hëlt esou conciliant-optimistesch déi zwee Koalitiounspartner un der Hand.

D’Parteien erwaarde bis nächst Woch, op all Fall nach viru Kleeserchersdag, wann den Olaf Scholz zum neie Bundeskanzler ernannt gëtt, zesummefonnt ze hunn. Mä dat ginn se zou, dat hänkt – bei allem Optimismus a Wonschdenken – nach ëmmer och dovun of, wei d’Gespréicher verlafen.

Back to Top
CIM LOGO