StonehengeNei Erkenntnisser kéinte Legend vum Zauberer Merlin bestätegen

RTL Lëtzebuerg
Neie Fuerschunge no kéint dat weltberüümte Monument virdru schonn Honnerte Joren a Wales gestanen hunn.

Dat geet aus engem Artikel ervir, deen an der archeologescher Zäitschrëft “Antiquity” publizéiert gouf. Wier dat de Fall, kéint déi mëttelalterlech Legend zum Deel confirméiert ginn. Der Legend no soll den Zauberer Merlin e magesche Steekrees (Giant’s Dance) aus engem ireschen Herrschaftsgebitt geklaut an an England bruecht hunn, wou hien en opriichte gelooss huet.

Et ass awer nach ëmstridden, ob d’Megalithen zu Stonehenge aus engem Steebroch am Südweste vu Wales stamen. An deem Fall wiere se ronn 225 Kilometer Loftlinn transportéiert ginn.

Am Joer 1986 gouf d’Monument an d’Lëscht vum Unesco-Kulturierwen opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO