Éischt ErkenntnisserNei Etüd: De Vaccin vu Biontech/Pfizer ass bei Jugendlechen zu 100% wierksam

RTL Lëtzebuerg
2.260 Jugendlecher kruten den Impfstoff vu Biontech/Pfizer, fir ze testen, wéi si e verdroen. Éischt Erkenntnisser géifen encouragéieren.

Déi Bedeelegt vun der Etüd hätte “ganz héich Antikierperäntwerten, mat oder ouni Unzeeche vun enger Sars-Cov-2-Infektioun am Virfeld” gewisen, esou d’Pharmakonzerner an engem Communiqué. Déi Jonk tëscht 12 a 15 Joer hätten de Vaccin souguer besser opgeholl wéi déi tëscht 16 a 25. “Den Impfstoff gouf gutt verdroen an huet eng 100-prozenteg Wierksamkeet géint de Covid-19 gewisen”.

“Déi éischt Erkenntnisser vun der Etüd bei Jugendlechen deiten dorop hin, dass Kanner duerch d’Impfung besonnesch gutt geschützt sinn”, gëtt de Biontech-Grënner Ugar Sahin am Schreiwes zitéiert. “Besonnesch am Hibléck op d’Ausbreedung vun der B.1.1.7.-Variant sinn d’Resultater encourageant”.

Biontech/Pfizer wëllen elo an Europa an an den USA eng zousätzlech Autorisatioun ufroen, fir datt och Jonker mat hirem Corona-Vaccin kënne geimpft ginn.

Back to Top
CIM LOGO