Wall Street JournalNei Geheimdéngscht-Infoen? Koum de Coronavirus awer aus engem Labo a China?

RTL Lëtzebuerg
Dräi Fuerscher vum chineseschen Institut fir Virologie zu Wuhan wieren am November 2019 schonn an d'Spidol ageliwwert ginn.

Also nach ier China d’Coronapandemie ëffentlech gemaach huet.

Dat geet aus engem neien an exklusive Bericht vum Wall Street Journal ervir. D’Zeitung berifft sech op Informatioune vum amerikanesche Geheimdéngscht, déi allerdéngs näischt driwwer soen, wat d’Persoune genee haten.

An de leschten Deeg war d’Thees vun engem méigleche Labosaccident nees verstäerkt thematiséiert ginn, deen d’Pandemie kéint ausgeléist hunn. Och vu Wëssenschaftler selwer, déi di wéineg Informatioune kritiséieren, déi di chinesesch Autoritéite bis ewell erausginn hunn.

Offiziell heescht et zu Washington just, d’Biden-Administration géif déi doten Informatioun net kommentéieren, géif sech awer seriö Froen iwwert den Ufank vun der Coronapandemie stellen. China hat der WHO deen éischte Patient mat Covid-Symptomer den 8. Dezember gemellt.

Back to Top
CIM LOGO