Wärend der Corona-PandemieNei Konzepter mat manner Massentourismus sinn entstanen

RTL Lëtzebuerg
Zu Barcelona wëllt ee beispillsweis an Zukunft nei Weeër am Tourismusberäich goen.
© AFP (Archiv)

Den Tourismus huet zwar op ville Plazen ënnert der Corona-Pandemie gelidden, mä an Tourismushéichbuerge gouf déi lescht Méint awer och dovunner profitéiert, fir nei Konzepter mat manner breedem Massentourismus ze entwéckelen. Barcelona, eng Stad déi bei villen Touriste jo ganz beléift ass, probéiert elo zum Beispill dee Wee ze goen.

Korrespondenz aus Barcelona vum Christelle Brausch

Barcelona huet dëse Summer ronn 1,9 Milliounen Touristen empfaangen, dat si ganzer 62% manner wéi virun der Covid-Pandemie.

Trotzdeem schwätze souwuel de stellvertriedende Buergermeeschter Jaume Collboni wéi och de President vum Tourismusbüro „Turismo de Barcelona“ Eduard Torres vun enger Zitat “intensiver Reaktivatioun vum Tourismus-Secteur”. Am Verglach mam Summer zejoert huet sech d’Zuel vun den Touriste vu Juni bis August nämlech quasi verduebelt.

Nawell bleift ee wäit hannert dem gewinnten Undrang a Pre-Corona-Zäiten, wou all Summer 5,2 Milliounen Touriste Barcelona am Summer besicht hunn a souguer iwwer 12 Milliounen am ganze Joer 2019 iwwert d‘Ramblas spadséiert sinn. Wie manner Touriste seet, seet och manner Iwwernuechtungen. Den Ament si 40% vun den Hoteller zu Barcelona carrement zou.

Mee och an der Hotelbranche ass den Ament Optimismus ugesot. Bis Enn dës Joers rechent de Secteur domadder, datt da just nach 15% net schaffe wäerten. Den Tourismus mécht knapp 16% vum PIB vu Barcelona aus a wann dëse wichtege Wirtschaftssecteur Problemer wéi déi lescht 18 Méint huet, huet dat natierlech Konsequenzen. Mä et gouf awer och vun der Situatioun profitéiert, fir de Massentourismus lues a lues anzeschränken. Sou huet de Jaume Collboni zum Beispill annoncéiert, dass Barcelona wärend der Pandemie un engem sougenannte „Qualitéits-Tourismus“ geschafft huet, en Tourismus, deen d’Stad a seng Awunner respektéiert a méi nohalteg soll sinn, obwuel dat net onbedéngt deen Tourismus ass, deen dat meeschte Geld erabréngt. Sou gëtt zum Beispill dru geduecht, d’Natur ëm Barcelona méi anzebezéien, och Quartieren an der Peripherie méi attraktiv ze gestalten, fir den Zentrum lues a lues ze entlaaschten. De Stadkär vun der katalanescher Haaptstad ass den Ament nämlech komplett saturéiert.

Vill gudde Wëllen also a vill schéi Verspriechen. Déi nächst Jore wäerte weisen, wat um Enn ëmgesat gëtt.

Back to Top
CIM LOGO