Zéngdausende MënschenNei Protester géint Corona-Reegelen a Frankräich

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich sinn de sechste Samschdeg um Stéck zéngdausende Mënsche géint d'Corona-Reegelen op d'Strooss gaangen.
Demonstratioun zu Paräis.
Demonstratioun zu Paräis.
© AFP

Landeswäit waren dem Inneministère no iwwer 175.000 Persounen un de Protester bedeelegt. Domadder ass d’Zuel vun den Demonstranten op en Neits zeréckgaangen. Virun enger Woch waren offiziellen Informatiounen no nach knapp 215.000 Mënschen demonstréieren. D’Protester waren nees gréisstendeels friddlech. Den Inneministère huet 20 Festnamen an ee blesséierte Polizist gemellt.

D’Protester riichte sech a Frankräich géint d’Impflicht fir d’Gesondheetspersonal wéi och géint d’Erweiderung vum Impfpass. A bal alle Beräicher am ëffentleche Liewe muss een noweisen, datt ee geimpft, geheelt oder negativ getest ass.

Back to Top
CIM LOGO