
D’Erëffnung kënnt fënnef Joer, nodeems Pjöngjang seng Grenzen als Äntwert op d’Covid-Pandemie zougemaach hat. Fir d’Ausbreedung vum Coronavirus ze verhënneren, hat Nordkorea seng Grenzen 2020 zougemaach a méi spéit och d’Defensen op der Grenz mat China verstäerkt, fir eege Staatsbierger drun ze hënneren, illegal zeréck an d’Land ze kommen.
Pjöngjang huet zanterhier seng Grenzen nees fir den Handel an e puer offiziell Delegatiounen opgemaach an Nordkorea huet d’lescht Joer russeschen Touristen erlaabt, fir eng éischte Kéier zanter der Pandemie an d’Land ze kommen.
En Donneschdeg hunn elo och zwou Reesagencë mat Lien a China an eng a Spuenien gemellt, hinne wier matgedeelt ginn, auslännesch Touriste kéinten elo nees d’Stad Rason am Nordoste vun Nordkorea besichen.
Déi spezial ekonomesch Zon un der Grenz mat China a Russland wier “vun elo un” oppen, huet d’Reesagence Young Pioneer Tours op hirer Websäit matgedeelt. “Eise Partner a Kontakter no ass de Plang, direkt fir chineesesch an all aner auslännesch Gäscht opzemaachen”, esou d’Agence.
Tourismus an Nordkorea war scho virun der Pandemie limitéiert. Agencen no goufe ronn 5.000 westlech Touristen d’Joer an d’Land gelooss. Viru kuerzem hunn den nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un a seng Duechter Kim Ju Ae e risegen neien Tourismuskomplex op enger Plage am Oste vum Land besicht, deen am Juni 2025 soll opgoen.