
“Den Ausmooss vun den Infizéierungen an d’Vitess, mat där sech de Virus verbreet huet, huet eise System trotz alle Virbereedungen ënner Drock gesat”, sou de mat der Gesondheetspolitik beoptraagte Minister Chris Hipkins op der neiséilännescher Tëlee. De jéngsten Ausbroch mat der ustiechender Delta-Variant vum Coronavirus wär schwiereg an de Grëff ze kréien a wërft “grouss Froen” a puncto Corona-Strategie vun der Regierung op.
Fir d’lescht goufen dem Minister no 71 Persoune positiv op de Virus getest. Déi vun Neiséiland weiderhi gelueften Null-Covid-Strategie huet déi komplett Eliminéierung vum Virus an der Bevëlkerung als Zil. Streng Grenzkontrollen a Quarantän-Mesurë solle verhënneren, datt de Virus aus dem Ausland an d’Land ageschleeft gëtt.
No engem eenzegen am Land iwwerdroene Corona-Fall hat d’Regierung ee Lockdown vun dräi Deeg decidéiert. Et war déi éischt Iwwerdroung vum Coronavirus bannent dem Land zanter sechs Méint.