
En Accord géing et mat Entreprisen aus Italien, Spuenien, Frankräich an Däitschland ginn. Gespréicher mat weidere Länner géife lafen. Italien hat scho virun enger gudder Woch matgedeelt, dass d’Firma Adienne Srl. an der Lombardei de Vaccin vu Juli u produzéiere wéilt.
D’europäesche Agence fir Medikamenter ass aktuell amgaang, de SputnikV ënnert d’Lupp ze huelen. Soubal d’EMA de Vaccin zouléisst, kéint deemno mat der Versuergung um europäesche Maart ugefaange ginn. Dat kéint allerdéngs nach e puer Wochen oder souguer Méint daueren.
Den Impfstoff ass russeschen Informatiounen no schonn a 50 Länner zougelooss, dorënner och an Ungarn, wou een net op d’Zouloossung vun der EMA gewaart huet. De Kreml huet beklot, dass d’EU-Registréierung vum SputnikV géif politiséiert ginn.
