Bei 61 Passagéier war den Test positiv, bei 531 negativ. Elo gëtt gepréift, ob sech déi Betraffe mat der neier Variant Omikron ugestach hunn.
Déi hollännesch Regierung hat e Freideg de Moie sämtlech Fluchreesen aus dem südlechen Afrika verbueden. Reesender, déi deen Ament ënnerwee waren, hunn duerno direkt missen a Quarantän goen.
A Groussbritannien goufen zwou Persoune positiv op déi nei Variant vum Coronavirus getest. Béid Fäll wieren op eng Rees a Südafrika zeréckzeféieren, esou de brittesche Gesondheetsminister Sajid Javid. An enger Pressekonferenz huet de brittesche Premier Boris Johnson iwwerdeems annoncéiert, dass vun elo un, jiddereen, deen a Groussbritannien areest, e PCR-Test muss maachen a sech – bis en negatiivt Resultat do ass – isoléiere muss. Ausserdeem gëtt erëm eng Maskeflicht an de Butteker an am ëffentlechen Transport agefouert.
Omikron gouf dann och, ënnert anerem, an Däitschland, der Belsch, Hong Kong an Israel nogewisen.
Well sech déi nei Corona-Mutatioun B.1.1.529 immens séier verbreet, hunn eng Rei Länner reagéiert an de Fluchverkéier mat där Regioun gestoppt.
Och zu Lëtzebuerg gëllen elo nei Reegelen: Jiddereen, deen an de leschte 14 Deeg a Südafrika, Botswana, Eswatini, Lesotho, Mozambique, Namibia oder dem Simbabwe war, muss direkt bei der Arrivée am Grand-Duché e PCR-Test maachen an een um 6. Dag vun der Quarantän. Wann een dat refuséiert, kommen nach 7 Deeg derbäi. Dat gëllt net fir Passagéier am Transit, huet et e Freideg an engem Communiqué vum Gesondheets- an Ausseministère geheescht.
