
Dat verpasse wäert awer egal wéi dat ominéist Dreigestirn. De Prënz vum Fest-Comité vum Kölner Karneval ass nämlech positiv getest ginn. Den duebelt geimpfte Prënz hätt awer “keng Symptomer” a géing sech “den Ëmstänn entspriechend gutt” fillen, esou de Festkommitee an enger Matdeelung. Aus Sécherheetsgrënn goufe sämtlech traditionell Optrëtter vum Prënz, der Jongfra an dem Bauer fir déi nächst Deeg ofgesot, och wann déi aner zwee negativ getest goufen.
Zu Köln gëllt de Weekend eng 2G-Reegel fir Karnevalsevenementer a Caféen an an der Gastronomie, genee esou wéi a bestëmmte Beräicher vun der Stad. Wien aus medezinesche Grënn net ka geimpft ginn, dee kann een negativen Test matbréngen, deen net méi al wéi 24 Stonnen ass. E Schnelltest dierf net méi al wéi sechs Stonne sinn.
Och zu Düsseldorf an zu Mainz gëtt mat 2G gefeiert. Ëm 11.11 Auer ass zu Düsseldorf den “Hoppeditz” aus sengem méintlaangen Narreschof erwächt, wärend zu Mainz traditionell dat “närrescht Grondgesetz” verlies gouf. Ronn 7.500 Leit waren an der Haaptstad vu Rheinland-Pfalz bei de Festivitéite mat derbäi, wou duerch d'2G-Reegel d’Masken- an Ofstandsflicht ewechgefall ass.