CoronavirusOrgantransplantatioune sinn ëm een Drëttel zeréckgaangen

RTL Lëtzebuerg
Wärend dem Pandemie-Joer 2020 goufen et 31% manner Organtransplantatiounen. Modellberechnungen no wieren dowéinst 48.000 Patiente gestuerwen.

Dat geet aus enger Etüd ervir, déi um ESOT virgestallt an an der Fachzäitschrëft „Lancet Public Health” verëffentlecht gouf. Am Kader vun der Studie goufen Donnéeën aus 22 Länner ënnersicht. Dobäi koum eraus, dass d’Pandemie sech net op alleguerten d’Transplantatioun-Programmer d’selwecht ausgewierkt hätt.

A verschiddene Länner gouf et eng Baisse vun iwwer 90%, virun allem bei den Nierentransplantatiounen. Dës sinn am Verglach zu 2019 am meeschten zeréckgaange mat engem Minus vu 40%. Donieft goufen et iwwer 30% manner Liewertransplantatiounen am Joer 2020.

Mat Bléck op déi doudeg Organspender gouf an der Etüd geschriwwen, dass et e Réckgang vun 12% bei den Nierentransplantatioune gouf, e Minus vu 17% bei de Longen, 9% manner Liewertransplantatiounen a 5% manner Häerzer.

Et war de Constat vun den Auteure vun der Etüd, dass et en zäitlechen Zesummenhang tëscht der Baisse vun den Transplantatiounen an der Hausse vun de Corona-Neiinfektioune géing ginn.

Back to Top
CIM LOGO