
E Freideg den Owend war déi traditionell Kräizwee-Zeremonie op der Péitersplaz. Dat soll déi eenzeg Ausnam sinn an dësem Ouschterprogramm, well all déi aner Feierlechkeeten am Péitersdoum virgesi sinn.
D’Ouschternuecht mam Poopst Franziskus fänkt da schonn e Samschdeg um 19.30 Auer un, fir dass déi Gleeweg net mat de Corona-Mesuren an dem Couvre-Feu zu Roum a Konflikt kommen.
Déi grouss feierlech Ouschtermass feiert de Poopst Franziskus e Sonndeg um 10 Auer am Péitersdoum, wou hien och uschléissend de Seegen Urbi et Orbi ausdeelt.

D’Ouschtermass kënnt dir och op RTL.lu an op der App suivéieren.