
E Samschdeg huet de Gesondheetsministère déi éischt zwee Fäll registréiert - direkt awer och Entwarnung ginn. Déi zwou Persounen, déi vu Guam komm sinn, waren no hirer Arees positiv op de Coronavirus getest ginn. Si an hir Kontaktpersoune koumen a Quarantän.
“Mir ruffe jiddereen dozou op, ee rouege Kapp ze behalen”, sou de Gesondheetsministère, dee sech géint e Lockdown decidéiert huet. De Grond: Iwwer 80 Prozent vun den 18.000 Awunner op der Insel si schonn zweemol geimpft. De President Surangel Whipps sot, den Inselstaat “war Covid-fräi, elo ass e Covid-sécher”.
