
Hien huet un d’Leit appelléiert ze hëllefen, dës drëtt Courbe esou flaach wéi nëmme méiglech ze halen. Neiinfektioune verhënneren an evitéieren, datt d’Zuelen erëm explodéieren. Dat ass dat, wat an deenen nächste Wochen wichteg ass, seet de Lothar Wieler.
“Da kënne mer verhënneren, datt mer an déi selwecht Situatioun kommen, wéi viru Chrëschtdag, mat ville Kranken, mat ville schwéiere Verleef, mat villen Doudesaffer an engem Gesondheetssystem, dee schwéier belaascht ass.”
D’Zuelen hu sech zënter enger Zäit op engem ze héijen Niveau stabiliséiert, stellt de Chef vum Robert Koch-Institut fest.
D’Inzidenz géif erëm an d’Luucht goen, bei de Leit, déi manner wéi 60 Joer hunn an zënter dem hallwe Februar och bei de Kanner ënner 15 Joer. Do géif et eng rasant Hausse ginn.
“Mir hunn och erëm méi Infektiounen an de Crèchen. Esouguer nach méi wéi virun Chrëschtdag. Et kéint sinn, datt déi brittesch Variant B 1.1.7. eng Roll spillt, déi Variant ass jo méi infektiéis a breet sech séier an Däitschland aus.”
An de Spideeler hätt een och erëm méi Covid-Patienten a verschiddene Bundeslänner géif och erëm Zuel vun deene Leit klammen, déi mussen op der Intensivstatioun behandelt ginn.
Nieft der Responsabilitéit, déi jiddwer eenzelen an dëser Kris huet ass, et fir de Lothar Wieler kloer, datt d’Impfung de Wee eraus aus der Pandemie ass.
“D’Impfung ass dat beschte Geschier, dat mer hunn. Mir gesinn, datt d’Zuele bei den eelere Mënschen, déi jo laang am schlëmmste betraff waren, zeréckginn. Dat ass e grousse Succès an e weist, datt et richteg a wichteg war, déi eeler Mënschen fir d’éischt z’impfen.”
D’Zuel vun den Doudesfäll géif weider zeréckgoen an dat wier sécher och en Effet vum Vaccin. Vill Mënsche wieren awer leider nach net geimpft an do begréisst de Chef vum RKI, datt dat sech geschwënn ännert. D’Hausdoktere ginn an Däitschland nämlech elo mat an d’Strategie agebonnen, wéi de Gesondheetsminister Jens Spahn annoncéiert huet. Den Ament gëtt an engen 100 Praxissen zu Berlin scho geimpft an dee Pilotprojet soll d’Reegel ginn.
“D’Gesondheetsminister hu festgehal, datt esou fréi wéi méiglech a spéitstens Mëtt Abrëll, Dokteren an d’Campagne matabezu ginn. Natierlech ëmmer ënnert der Konditioun, datt d’Liwwerungen esou ukomme wéi geplangt.”
D’Decisioun, datt och an den Dokteschpraxissen ka geimpft ginn, wier e wichtege Schratt. De Grondsteen fir däitlech méi séier mat den Impfunge virun ze kommen.
