
An der Knesset, dem israelesche Parlament, hunn 71 Deputéiert fir d’Koalitioun gestëmmt, 37 waren der dogéint. D’nächst Woch soll déi nei Regierung vereedegt ginn.
Iwwert ee Joer hat Israel keng Regierung. No dräi Wale gouf et keng kloer Majoritéit fir dem Netanjahu seng Partei, déi konservativ Likud-Partei, oder fir dem Gantz seng, der Mëtt-Riets Allianz Blo-Wäiss. De Benjamin Netanjahu steet donieft wéinst Korruptiounsvirwërf an der Kritik. Virun 2 Wochen hunn déi 2 Politiker een Accord fonnt, dee markéiert d’Enn vun enger laanger politescher Kris.
Dem Accord no sollen déi zwee sech Premier ofwiesselen. De Benjamin Netanjahu bleift elo nach annerhalleft Joer un der Spëtzt vun der Regierung, duerno iwwerhëlt de Benny Gantz. Dee gëtt elo fir d’éischt Verdeedegungsminister.
Et gouf vill Kritik géint d’Koalitioun. De leschte Samschdeg haten eng 1.500 Mënsche zu Tel Aviv géint déi geplangte Koalitioun protestéiert. Et gouf och eng Petitioun géint den Netanjahu agereecht.
