
D'Klo géint Gasturbinne vun engem xAI-Rechenzentrum am US-Bundesstaat Tennessee géif "déi national, wirtschaftlech an d'Energie-Sécherheet" vun den USA menacéieren, huet et an enger rechtlecher Stellungnam vum US-Justizministère geheescht, déi d'Noriichtenagence AFP gesinn huet. Si géif d'Versuergung vun der KI-Infrastruktur menacéieren, déi vun der Arméi genotzt géif ginn.
Als Beispill huet de Ministère de Verantwortleche fir Kënschtlech Intelligenz am Pentagon, de Cameron Stanley zitéiert. Dee géif ënner Eed versécheren, datt am Kader vum sougenannte Maven-Projet, deen op engem Programm vu Grok baséiert, scho mat hëllef vu KI militäresch Ziler festgeluecht gi wieren. Dat hätt et der Arméi erméiglecht, am Iran-Krich "bannent 96 Stonnen iwwer 2.000 Schoss Munitioun géint 2.000 ënnerschiddlech Ziler ze riichten".
Dat wier "eng ganz grouss Hausse vun der operationeller Effizienz, déi duerch de Grok Gov Modell erméiglecht gouf", huet de Cameron erkläert. Ob nach weider KI-Programmer bei Ugrëff géife genotzt ginn, huet den Expert vum US-Verdeedegungsministère net matgedeelt.
D'Klo riicht sech géint d'Gasturbinne vu Colossus 2 , ee Super-Rechner vun xAI net wäit fort vu Memphis, dee Grok trainéiert. D'Organisatioun NAACP, dee sech fir d'Rechter vu Schwaarzen asetzt, geheit xAI vir, déi sëllege Gasturbinnen ouni Geneemegung ze bedreiwen a géint d'Gesetz fir eng propper Loft ze verstoussen. D'Turbinne belaaschte virun allem d'Loftqualitéit a Quartieren, an deene vill Afro-Amerikaner wunnen, argumentéiert d'Biergerrechtsorganisatioun. xAI hält deem entgéint, d'Turbinne wieren temporär mobil Anlagen a géifen domat net ënnert déi Reguléierunge falen.