Gréisseren Asaz bei der Sportshal zu Housen5 Kanner a 4 Educateuren an d'Spidol bruecht, nodeems si Ausschlag entwéckelt hunn

RTL Lëtzebuerg
Eng Rei Ambulanze waren en Donneschdeg den Owend virun der Entrée vun der Sportshal ze gesinn.
D'Vue en Donneschdeg den Owend op d'Sportshal.
© Domingos Oliveira / RTL

Pompjeeë si géint 18 Auer op Plaz geruff ginn. RTL-Informatiounen no wiere Persounen op der Plaz mat eppes a Kontakt komm, wat ënnert anerem en Ausschlag provozéiert huet, respektiv Juckreiz. De Buergermeeschter vun der gemeng Parc Housen, de Romain Wester, hat RTL géigeniwwer ee gréisseren Asaz confirméiert, ouni Detailer ze nennen.

De Paul Wilwert vum CGDIS, deen den Asaz geleet huet, huet an RTL an engem Interview op der Plaz schliisslech confirméiert, datt ëm kuerz no 18 Auer eng Ambulanz op d'Plaz geruff gouf, well eng Rei Kanner Ausschlag op der Haut haten. No kuerzer Zäit hunn d'Ambulanciere sur place dunn déi nämmlecht Symptomer entwéckelt, esou datt den NRBC mat senge Chemiker op d'Plaz koum, fir d'Situatioun besser aschätzen ze kënnen. Den NRBC ass eng Spezialunitéit vum CGDIS, déi bei nuklearen, radiologeschen, biologeschen a chemesche Geforen an den Asaz kënnt.

Paul Wilwert vum CGDIS
5 Kanner a 4 Educateuren vun Housen an d'Spidol bruecht, nodeems si Ausschlag entwéckelt hunn.

D'Leit, déi Ausschlag entwéckelt hunn, hunn op der Plaz geduscht a kruten Ersatzkleeder, ier se an d'Spidol bruecht goufen. Ënnert de Blesséierte sinn deemno fënnef Kanner a véier Educateuren. 13 aner Kanner waren am Gebai, ma hu keng Symptomer entwéckelt. Am Asaz ware vun de verschiddenen Unitéiten am CGDIS eng 30 Leit.

Wat genee den Ausschlag ausgeléist kéint hunn, ass nach net gewosst. Ekippe mat spezielle Schutzkostümer wäerten dat en Donneschdeg am spéiden Owend nach iwwerpréiwen, ier den Asaz dann op een Enn geet.

Back to Top
CIM LOGO