Schwéieren Accident zu Gelsenkirchen (D)2 Tramme sinn aneneegeknuppt: 24 Blesséierter, 3 dovu liewensgeféierlech

RTL Lëtzebuerg
Éischten Erkenntnisser no huet am Zentrum vu Gelsenkirchen ee Fahrschoul-Tram onerwaart stall gehalen.
© RTL

Zu Gelsenkirchen sinn en Donneschdeg de Mëtteg Trammen aneneegerannt. Dobäi goufe 24 Persoune blesséiert, dovun dräi liewensgeféierlech an der siwe schwéier.

Eng Fahrschoul-Tram ass tëscht den Arrêten Veltins-Arena a Willy-Brandt-Allee stoebliwwen. Een zweete mat Passagéier voll besaten Tram ass doropshin, ouni ze bremsen, hannendrop gefuer.

D'Plaz vum Accident op der Kurt-Schumacher-Strooss gouf gespaart.

Vill Ambulanze waren am Asaz, an d'Blesséiert goufen an d'Spideeler bruecht.

D'Police ermëttelt elo d'Ursaach vum Accident.

Back to Top
CIM LOGO