Mariupol um Azov-Mier gëtt zum ukrainesche Guernica. De russesche Militär an de Kommando am Kreml schéngen eng komplett Zerstéierung vun der Stad unzestriewen, dersonner gëtt ee sech net zefridden, ouni Matleed fir d’Zivilpopulatioun, déi nach ëmmer keng weider Waffepaus kritt, fir z’evakuéieren. Dem ukrainesche Militär no wier d’Stad zu 80% zerstéiert an d’humanitär Situatioun wier katastrophal.
Zu Mykolaiv um Schwaarze Mier gouf en Dënschdeg e Psychiatrie-Spidol als strategescht Zil definéiert. 20 Minutte virdru goufe 50 Patiente vun do, wéi d’Sireenen ugoungen, evakuéiert. “Ech sinn esou verbattert. D’Ukrain a Russland hat eppes verbonnen, mee elo géif ech am léifste just nach kräischen. Déi russesch Brutalitéit ass net z’erdroen. Si sinn net mënschlech. Mir feelen d’Wierder”, sou den Anatolii Pavlov, Psychiater zu Mykolaiv.
Zéng Spideeler an der Ukrain goufe bis ewell an deene 27 Deeg Krich komplett zerstéiert.
Zu Kiew ass bei enger russescher Dronen-Attack op d’Akademie vun de Wëssenschaften eng Persoun ëm d’Liewe komm. Och déi Infrastruktur huet keng strategesch Valeur, sou den ukrainesche Verdeedegungsministère, deen och nach de Verdacht deelt, dass d’Destruktioun zum Ausdrock ginn ass vu militäreschem Frust.
De Buergermeeschter vun der Stad Boryspil huet alleguer d’Awunner awer an der Nuecht op en Dënschdeg opgeruff, hiert Doheem ze verloossen. Et wier ze geféierlech, an de Wunnengen ze bleiwen, an d’Aarbecht vun der Arméi wier och méi einfach, wa se wéissten, dass keng Ziviliste méi a Gefor wieren. Boryspil läit eng 60 Kilometer vun der Haaptstad Kiew ewech, an ass schwéier ëmkämpft. Eng 60.000 Ziviliste wieren nach an der Stad.Kiew, Charkiw an och Odessa waren an de leschte Stonnen dann nees vun russeschen Attacke viséiert.

“D’Ukrain wäert sécher keng Ultimaten aus Russland erfëllen. Den eenzege Wee, dat ze erreechen, wier deen, fir eis alleguer ze vernichten”. Déi kloer Wierder huet den ukrainesche President Selenskyj an engem Interview benotzt, fir ze ënnersträichen, dass een net wäert kapituléieren.
Esou eng Fuerderung war e Sonndeg jo vu Moskau komm, wat d’Hafen-Stad Mariupol ugeet.

D’ukrainesch Autoritéite mellen, datt si e méiglechen Attentat op de President Selenskyj konnten evitéieren. E Grupp vu 25 Russe wier festgeholl ginn. Nieft enger Attack op den ukrainesche President hätte si och Sabotage am Regierungsquartier an an aneren Deeler vum Land geplangt.
No bal engem Mount Krich an der Ukrain hunn déi russesch Unitéite weiderhi Schwieregkeeten. D’russesch Arméi hätt nach Munitioun a Liewesmëttel fir dräi Deeg. Och mam Sprit wier et knapp. Dat behaapten op d’mannst d’Autoritéite vu Kiew. Aussoen, déi net onofhängeg kënnen iwwerpréift ginn.
Den ukrainesche President Selenskyj sot en Dënschdeg, e kéint sech de Vatikan als Friddensverhändler virstellen. Mee virun allem sicht en en direkt Gespréich mam Vladimir Putin, ouni Verwässerung duerch Vertrieder ouni Decisiounskraaft. A puncto Krim an Donbass wier een zu Kompromësser bereet, mä all Accord misst dem ukrainesche Vollek um Enn an engem Referendum ënnerbreet ginn.
D’EU kritt dann an der Suitte vum Ukrain-Krich eng nei militäresch Asaz-Trupp, déi spéitstens 2025 soll asazbereet sinn. Dat hunn d’Aussen- an Defenseministere vun de 27 Memberstaate festgehalen, am Kader vun engem sécherheetspolitesche Konzept. Bis zu 5.000 Zaldote wäerten dran abegraff sinn.
https://www.rtl.lu/news/europa/a/1885293.html
D’Landwirtschaftsministere vun der EU wëllen dann d’Liewensmëttel-Produktioun an de Memberlänner ukuerbelen, dat fir d’Importer, déi soss aus der Ukrain kommen, auszegläichen. Fir den Ament wier d’Versuergung nach net a Gefor, sot e Méindeg de Lëtzebuerger Agrarminister Claude Haagen, no engem Conseil mat sengem EU-Homologen.
D’EU-Kommissioun huet och proposéiert, an enger éischter Phas den Ubau op Broochland ze erlaben, wou u sech näischt drop geplanzt sollt ginn, fir d’Aarten-Diversitéit ze erhalen.