Politesche Chaos a MalaysienPremier Muhyiddin huet no 17 Méint demissionéiert

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der Corona-Pandemie wäerten et warscheinlech keng Wale ginn. Wien an Zukunft d'Muecht iwwerhëlt, ass onkloer.

De malaysesche Staatschef Abdullah Shah huet d’Demissioun vum Muhyiddin Yassin e Méindeg ugeholl. De Muhyiddin ass domat dee Premier, deen a Malaysien fir déi kierzten Zäit am Amt war. Hie soll nach den Interim maachen, bis eng nei Regierung zustane kënnt.

Dem Muhyiddin seng Regierung hat d’lescht Woch d’Majoritéit am Parlament verluer. D’Legitimitéit vun der Regierung, déi net no Walen, ma duerch de Kollaps vun der Regierung virdrun zustane koum, gouf vun Ufank un a Fro gestallt.

Dobäi koum staark Kritik wéinst der Gestioun vun der Corona-Kris. Am 32-Milliounen-Awunner-Staat sinn 12.000 Leit wéinst dem Coronavirus gestuerwen, offiziell goufen et 1,1 Milliounen Infektiounen. Domat goufen et hei am weltwäite Verglach mat am meeschten Infektiounen an Doudesfäll pro Millioun Awunner. Dem Muhyiddin gouf iwwerdeems reprochéiert, den Noutstand auszenotzen, fir e Mësstrauensvott am Parlament z’evitéieren.

Wéinst der aktueller epidemiologescher Lag am südostasiatesche Land ass de Sultan Abdullah Shah géint Neiwalen. Wien d’Successioun vun der Regierung iwwerhuele wäert, ass nach ganz onkloer. Méiglecherweis kéinten d’Parteien aus dem Muhyiddin Yassin senger Regierung probéieren eng nei Koalitioun op d’Been ze kréien, ma d’Oppositioun wäert och probéieren un d’Muecht ze kommen.

An enger Ried op der Tëlee sot de Muhyiddin, hie géing hoffen, datt et séier zu enger neier Regierung géing kommen. Déi nächst Méint wiere kruzial an der Lutte géint d’Pandemie. De Premier sortant huet och net mat Kritik u Politiker aus den eegene Reie gespuert. Hien hätt kéinte Premier bleiwen, wann hie seng Prinzippien opginn hätt, ma hie géing refuséieren, mat Kleptokraten zesummen ze schaffen.

De Muhyiddin huet enger Rei Deputéierten, dorënner dem fréiere Premier Najib Razak, reprochéiert, datt si rose waren, well hien näischt wollt maachen, fir datt Korruptiounsenquêtë géint si géinge fale gelooss ginn. Dowéinst hätte si sech géint d’Koalitioun geriicht.

Back to Top
CIM LOGO