SpuenienPremierminister Pedro Sánchez annoncéiert Neiwalen

RTL mat AFP
An enger Tëleesusprooch e Méindeg de Moien huet de Pedro Sánchez virgezunnen Neiwale fir den 29. November annoncéiert.
De spuenesche Premierminister Pedro Sánchez
© AFP

Dat, nodeems vun him proposéiert Mesuren, fir Locatairen ze schützen, vum spuenesche Parlament rejetéiert goufen.

D'Mesuren haten ënner anerem virgesinn, datt bis 2030 all geplangt Expulsioun vu vulnerabele Persounen aus hire Wunnenge soll suspendéiert ginn. Hannergrond ass e Virfall vu virun zwou Wochen, bei deem eng Fra vu 87 Joer zu Madrid aus hirer Wunneng erausgeheit gouf, nodeems de Proprietär hire Loyer vu 440 op 1.650 Euro erhéicht hat a si dës net bezuele konnt. D'Fra hat iwwer 70 Joer an der Wunneng gelieft.

Back to Top
CIM LOGO