
Eigentlech hat déi 41 Joer al Premierministesch geplangt, de Leit an Neiséiland de Méindeg den Owend per Facebook-Live en Update zu de Coronamesuren am Land ze ginn. Mä wärend dem Livestream gouf si vun enger klenger Stëmm ënnerbrach: “Mamma?” Dem Jacinda Ardern seng 3 Joer al Duechter Neve, déi u sech scho laang schlofe sollt, war aus dem Bett ausgebéchst. De Video vun der kuerzer Ënnerbriechung huet an de soziale Medie séier d’Ronn gemaach.
“Du solls am Bett sinn, Schatz”, huet d’Premierministesch hirem Meedche gesot, dat ausserhalb vum Kameraausschnëtt stoung. Deem huet dat klengt Neve allerdéngs net zougestëmmt an huet mat engem decidéierten “Nee” geäntwert. “Ech komme gläich nach bei dech”, huet d’Jacinda Ardern doropshi verséchert.
Et huet awer net laang gedauert, bis d’Spill op en Neits lassgaangen ass: “Wat dauert do esou laang?”, wollt dat 3 Joer alt Meedche wëssen. Kuerz duerno huet d’Premierministesch de Stream dunn ënnerbrach. “Ok, et deet mir leed”. Ech ginn elo a bréngen d’Neve zeréck an d’Bett. Et ass scho wäit no senger Schlofenszäit. Merci, datt Dir mir Gesellschaft geleescht hutt”, esou d’Jacinda Ardern zu de Facebook-Spectateuren.

D’Jacinda Ardern war am Juni 2018 wärend hirer Amtszäit Mamm ginn. Domat war si eréischt déi zweet Regierungscheffin weltwäit, déi e Kand krut, wärend si e Land geleet huet. Fir d’Jacinda Ardern schéngt et allerdéngs ni ee grousse Problem gewiescht ze sinn, Famill a Beruff ënnert een Hutt ze kréien. Schonn am klengen Alter vun nëmmen 3 Méint huet hir Duechter Neve si mat an d’UN-Vollversammlung zu New York begleet.