De Josep Borrell, de Chef vun der EU-Aussepolitik, sot an engem Interview e Méindeg, dass een duerfir och sollt russesch Fonge mat bäihuelen, déi fir de Moment blockéiert wieren. Um Europa-Dag goung och ee klore Message vun der Ënnerstëtzung vu Stroossbuerg aus un d’Ukrain.
Iwwerdeems zu Moskau de Militär defiléiert ass an Testosteron an der Loft louch, gouf zu Stroossbuerg mat wäissen Dauwe wäert geluecht op d’Symbolik vum Fridden.
An och bei der Usproch vum President Selenskij op der Khreshchatyk, der Haaptstrooss zu Kiew, am Kontext vun der Victoire géint de Nationalsozialismus, gouf op de reaktionären “Bling Bling” vu Moskau verzicht. Geschwënn géifen et zwee Deeg vun der Victoire an der Ukrain ze feiere ginn, war säi Message u säi Vollek.
Och zu Warschau hunn Ukrainer a Wäissrussen am Exil um 77. Joresdag vum Enn vum Nazi-Regime Blumme néiergeluecht fir d’Affer vun deemools.
De russeschen Ambassadeur fir Polen gouf zu Warschau mat rouder Faarf empfaangen. Russland ass Schold drun, dass Blutt fléisst, war de Message. E wier houfreg op säi Land a säi President, esou de russeschen Diplomat a senger Reaktioun op den Tëschefall.

Zu Odessa huet den EU-Conseilspresident Charles Michel e Méindeg vum ukrainesche Premier Denys Shmyhal voll Lager mat Weess a Mais gewise kritt. Alles prett fir den Export – allerdéngs kënnt näischt eraus, well de russesche Militär déi ukrainesch Häfen um Schwaarze Mier blockéiert.
Just ee klengen Deel konnt bis ewell mat Camion oder Zuch a Rumänie bruecht ginn. Duerno goung d’Visitt weider duerch e Residenzquartier vun Odessa, wou e puer Stonne virdrun e Puppelchen, d’Mamm an d’Groussmamm bei enger russescher Loftattack ëm d’Liewe komm waren.