Um Fluchhafen zu KabulPuppelchen no Behandlung nees beim Papp

RTL Lëtzebuerg
De Bëbee war iwwert d'Mauer vum Fluchhafe gereecht a vun US-Zaldoten entgéint geholl ginn.

E Puppelchen, deen um Fluchhafen vun der afghanescher Haaptstad Kabul iwwert eng Mauer mat Stacheldrot un US-Zaldote gereecht gi war, ass no enger medezinescher Kontroll nees beim Papp. De Pentagon-Spriecher John Kirby huet sech e Freideg zum Virfall geäussert, deen an engem Video festgehale gi war a vill Matgefill ausgeléist hat.

“Den Elterendeel hat d’Zaldote gebieden, fir sech ëm de Bëbee ze këmmeren”, sou de Kirby. Den US-Zaldot hätt d’Kand dowéinst iwwert d’Mauer gezunn an zu enger norwegescher Klinick um Terrain vum Fluchhafe bruecht. Um Video ass ze gesinn, wéi den Zaldot de Puppelchen un een aneren Zaldot weiderreecht.

“Si hunn d’Kand behandelt an d’Kand dem Papp zeréckginn”, sou de Kirby. Hien huet vun engem “Akt vu Matgefill” vum US-Zaldot geschwat. Wou de Pupplechen an de Papp antëscht sinn, konnt de Spriecher vum US-Verdeedegungsministère net soen. Hien hätt och soss keng weider Informatiounen zu de Persounen.

Um Fluchhafen zu Kabul spille sech weider dramatesch Zeenen of: Afghane versichen no der Muechtergräifung vun den Taliban verzweiwelt, an de Fluchhafen an u Bord vun engem Evakuéierungsfliger ze kommen. Vill Leit am Afghanistan, déi an de leschte Jore fir déi westlech Truppe geschafft hunn, hunn Angscht virun den Taliban, datt déi hinnen eppes undinn.

Back to Top
CIM LOGO