DresdenQuerdenker-Demo eskaléiert, 12 Poliziste blesséiert

RTL Lëtzebuerg
An Däitschland hate sech e Samschdeg nees an enger ganzer Rei Stied Leit versammelt, fir géint d'Coronamesuren ze demonstréieren.

Zu Dresden sinn trotz dem Versammlungsverbuet honnerten Demonstrante beienee komm, déi ouni Masken an ouni Sécherheetsofstand duerch d’Stroosse getrëppelt sinn.

Wéi d’Police versicht huet, verschidde Leit wéinst dem Verbuet ze stoppen, ass et zu Ausernanersetzunge komm. 12 Beamte goufen dobäi verwonnt. Am Ganze goufe 47 Strofdote registréiert, 17 Mol gouf Widderstand géint d’Poliziste geleescht, 915 Mol gouf e „Platzverweis” ausgestallt an 943 Plaintë goufen et wéinst Verstouss géint d’Coronamesuren. Dräi Persounen am Alter vu 16, 41 a 50 Joer goufe virleefeg festgeholl.

De sächseschen CDU-Generalsekretär Alexander Dierks huet d’Gewalt vun de Querdenker op Twitter verurteelt a si als “gewaltbereet Extremisten” bezeechent. Kritik gouf et och vum SPD-Chef Martin Dulig. Jiddereen, deen op der Demo war, hätt mat der Gesondheet vun eis all gespillt, sou de stellvertriedende Regierungschef.

Och an der bayrescher Stad München hu sech dausende Leit versammelt an ënnert dem Motto “Ee Joer Lockdown-Politik - et geet elo duer” protestéiert. Well sech net un d’Oploe gehale gouf, huet d’Manifestatioun nomëttes missen opgeléist ginn. Net nëmme gouf sech net un déi zougeloossen Zuel vu Participante gehalen, och d’Maskeflicht an de Sécherheetsofstand goufen net respektéiert.

Zu Stuttgart hu Manifestante mat Géigestänn op e Kamerateam vun SWR geschoss, blesséiert gouf awer keen. Virum Landtag goufe Journaliste verbal ugegraff an als “Ligepress” bezeechent. Den däitsche Journaliste-Verband weist sech schockéiert iwwer dëse Virfall a verurteelt d’Gewalt géintiwwer Journalisten.

Back to Top
CIM LOGO