
Wéi d’Police matgedeelt huet, waren hei och Spezialunitéiten bedeelegt. Duerchsicht goufe Proprietéiten vu 6 Verdächteger zu Dresden an zu Heidenau. D’Spezialunitéite waren involvéiert, well bei verschidde Memberen aus enger Telegram-Grupp festgestallt gouf, dass déi sech dozou geäussert hunn, am Besëtz vu schaarfe Waffen ze sinn.
Hei gouf dann och méi spéit e Mëttwoch matgedeelt, dass eng Partie Waffe bei der Razzia confisquéiert goufen. Op dës Waffen als sougenannte schaarf Waffe gëllen, géif elo gepréift ginn, sou d’Autoritéiten am Bundesland Sachsen.
Hannergrond vun dem Ermëttlunge si méiglech Mordpläng vun Impfgéigner géint de Ministerpresident vu Sachsen, de Michael Kretschmer, dat an Zesummenhang mat den Decisiounen déi d’Landesregierung am Kader vun de Corona-Mesuren geholl huet. Dës Mordpläng goufen an engem Chatgrupp op der mëttlerweil bekannter App Telegram diskutéiert.
Ustouss vun den Ermëttlungen läit schonn e puer Deeg zeréck, hei geet et ëm e Bericht vu Frontal21 (ZDF) vu leschter Woch, wou et ëm den Chatgrupp “Dresden Offlinevernetzung” gaangen ass. Hei sollen der Police no d’Mordpläng géint de Kretschmer a géint Vertrieder vun der sächsescher Landesregierung diskutéiert gi sinn.
Ermëttelt gëtt elo, well et e Verdacht gëtt, dass eng schwéier Gewalt-Dot geplangt gouf, déi de Staat sollt a Gefor bréngen.
D’Menacen géint de Kretschmer hate bei Politiker an der Populatioun fir deels hefteg Reaktioune gesuergt. De Ministerpresident selwer hat séier gefuerdert, dass ee mat juristesche Mëttel géint esou eng Ausgrenzung misst virgoen.
Bei de Verdächtegen handelt et sech ëm 5 Männer an eng Fra am Alter tëscht 32 a 64 Joer, esou d’Landeskriminalamt.Déi Persoune verbënnt d’Ofleenung vun den Impfungen, dem Staat an der aktueller Corona-Politik. Si hätten am Grupp an och op net-virtuellen Treffen Mordpläng géint de Kretschmer an aner Vertrieder vun der Landesregierung.