D’Chrëschtvakanz steet virun der Dier. Vill Leit notzen déi nächst Woch oder Wochen, fir ofzeschalten oder an d’Ausland ze fueren. Déi eng zitt et an de Schnéi, déi aner an d’Sonn. Ma och dëst Joer kann een an der Reesbranche nach net vun Normalitéit schwätzen. De Coronavirus nervt ëmmer nach. E puer praktesch Infoe fir d’Touristen, vu Leit, déi sech auskennen.
Éisträich, Schwäiz, Frankräich an Italien sinn déi beléiftst Destinatioune bei de Wantersportler. Fir déi, déi et gäre méi waarm hunn, si Spuenien an d’Kanaresch Inselen, Cap Vert an Ägypten gefrot. Méi wäit ewech interesséiere Costa Rica, d’Dominikanesch Republik oder och nach d’USA. Wäit Destinatioune sinn awer ëmmer nach a manner groussem Mooss gefrot.
Ma egal, wou et higeet, soll ee preparéiert sinn, wéi de Generaldirekter vu Voyages Flammang, de Berny Ley, ënnersträicht: “Wichteg ass, datt een, ier ee fiert, kontrolléiert, ob d’Bestëmmungen nach ëmmer déi selwecht sinn. Och wann ee geimpft ass, soll een nach eng Kéier kontrolléieren, ob een net awer zousätzlech en Antigen-Test brauch. Dat ass elo bei e puer Destinatioune kuerzfristeg geschitt. Am Reesbüro kucke mir esou Saachen och ëmmer fir d’Leit no.”
Dat wier ee vun de Virdeeler dëser Deeg, wann een iwwer e Reesbüro bucht. Fir Leit, déi geimpft sinn, ass d’Reesen am einfachsten. Si kënnen an den diverse Länner gewéinlech ouni Problem areesen, mä trotzdeem sollen si sech permanent um neiste Stand halen, wéi e Beispill vum Laura Garofoli vum ACL wéist: “Och wann ee geimpft oder geheelt ass, brauch ee fir an d’Schwäiz e PCR-Test. Tëscht dem 4. an dem 7. Dag muss een nach eng Kéier en Test sur place maachen. 48 Stonne virdru muss een dann zousätzlech e Formulaire ausfëllen. Fir Éisträich geet et duer, wann ee geimpft ass, e PCR-Test oder Antigen-Test dobäi huet, oder e Certificat, datt ee geheelt ass."*
An Italien mussen och geimpften Touristen en zousätzleche Covid-Test maachen. Wann een net geimpft ass, muss ee 5 Deeg a Quarantän an dann en Test maachen. Fir a Frankräich an- oder duerchzereesen, muss een eng Declaration sur l’honneur ausfëllen a bei sech hunn.
Um Schluss dann nach e klengen Tipp vum Automobil Club: Wie sech op de Wee an d’Vakanz mécht, soll dat am beschte moies esou fréi ewéi méiglech maachen. Dëse ganze Weekend wäerten d’Stroossen awer méi staark belaascht si wéi soss. A fir a verschidde Länner anzereesen, muss een och u seng Vignette denken.
*E Freideg den Owend koum d’Nouvelle, datt an Éisträich d’Areesrestriktioune vum 20. Dezember u verschäerft ginn. Vun deem Ament un dierfen nëmmen nach Leit an d’Land areesen, déi een 2G-Noweis hunn. Konkret bedeit dat, si mussen dräifach geimpft oder geheelt sinn. Wie kee Booster huet, muss ee PCR-Test bei sech hunn. Am anere Fall muss een no der Arees direkt a Quarantän. D’Quarantän ass eréischt eriwwer, wann een ee PCR-Test mécht an deen negativ ass. Net concernéiert vun den neie Mesurë si schwanger Fraen a Persounen, déi aus gesondheetleche Grënn net kënne geimpft ginn. Speziell Reegele ginn et och fir Kanner. Fir Pendler bleift et beim 3G.
